Eng Bühn fir jiddereen – mam Kollectiv Dadofonic An dëser Episod empfänke mir de Kollektiv Dadofonic, dee mam Projet Klangkarussell eng eenzegaarteg Mëschung aus Musek, Theater a Bildkonscht op d’Been stellt. Zesumme mat Jonken a Persounen à besoins spécifiques schaaft Dadofonic eng inklusiv Konschterfarung, wou Vertrauen, Ausdrock an Kreativitéit am Mëttelpunkt stinn. Lauschtert eran a loosst iech vum Geescht vum Klangkarussell inspiréieren! Recommondatiounen: Musék: The Chain vun Fleetwood Mac (Gary) Houdini vun Dua Lipa (Live from Royal Albert Hall) (Fränky) Underneath vun Phix an Ryan Oakes (Jan) Divers: Vum Gary: Encouragement fir méi Saachen am Beräich vun der Kultur an der Beanträchtegung […]
The post Dive in with (e)me – Dadofonic first appeared on Radio ARA.